VTech Hack: Iwwer 9.000 Lëtzebuerger Spill-Konte gehackt | Luxembourg | ICT Security-Sécurité PC et Internet | Scoop.it

Vum groussen Hackerugrëff op de Produzent vu Léiercomputere VTech sinn zu Lëtzebuerg iwwer 5.000 Kanner- an iwwer 4.000 Eltereprofiler betraff. 


Dat hunn "Securitymadein.lu" an déi national Dateschutzkommissioun CNPD (Commission nationale pour la protection des données) um Mëttwoch per Communiqué wësse gedoen.

Bei VTech waren am November d'Donnéeë vu Millioune User-Konte weltwäit piratéiert ginn: D'Profiler vu 4,8 Milliounen Elteren a vu 6,3 Millioune Kanner ware vun der Cyber-Attack betraff.

Gehackt gi waren net nëmmen d'Clientsdatebank vum App-Store, also der Learning Lodge, iwwer déi ee Spiller, eBooks an anert Material fir VTech-Produiten erofluede kann, déi Onbekannt haten och Accès kritt op de Server vum "Kid Connect Network", deen ähnlech wéi WhatsApp funktionéiert.

Als Sécherheetsmesure huet VTech elo e puer Servicer vum Netz geholl. VTech huet säi Siège zu Hongkong.


Learn more / En savoir plus / Mehr erfahren:


http://www.scoop.it/t/securite-pc-et-internet/?tag=Vtech


 http://www.scoop.it/t/securite-pc-et-internet/?tag=DATA-BREACHES